Nei Partnerschaft fir eise Veräin!

DT Houwald

Léif Memberen,

Mir freeën eis, Iech eis nei Partnerschaft mat Dandoy Sports Table Tennis matzedeelen – engem vun de féierende Spezialisten am Dëschtennis an Europa, mat enger riseger Auswiel u Material vun alle grousse Marken.

https://en.dandoy-sports.eu

Dank dëser Partnerschaft profitéieren eis Memberen déi ganz Saison iwwer vun exklusive Virdeeler a spezielle Remisen op Dëschtennis-Material.

Weider Informatiounen doriwwer, wéi Dir vun dëse Virdeeler profitéiere kënnt, inklusiv Remisecoden an Bestellinstruktiounen, deele mir ierch ganz geschwënn mat.

Mir si ganz houfreg op dës Zesummenaarbecht a soen Dandoy Sports e grousse Merci fir hiert Vertrauen an eise Veräin an hir Ënnerstëtzung fir eis Memberen.

image