Reckbleck op d'Saison 2022/2023


08 June 2023

Salut alleguerten,

D’Saison 2022/2023 geet op en Enn. Et ass also Zäit en klengen Réckblck ze maan ob dat lescht Joer.

Sportlech gesinn war et effektiv eng ganz positiv Saison fir den ganzen Veräin. Mir konnten fir déi 2. Keier an eiser Veräinsgeschicht d’Coupe de Luxembourg bei den Senior Hären gewannen an och am Championnat hunn mer eng exzellent Saison gespillt, wou mer an der Final dem DT Hueschtert-Folscht ennerleen waren.

Och eis 2. Equipe Senior konnt sech am Barragematch géint Meechtem duerchsetzen an bleiwen soumat an der NLB. Eng fantastesch Saison gouf et och fir eis 3. an 4. Equipe am Seniorchampionnat, déi et allebéid färdeg bruet hunn, als Tabellenéischten an der Promotioun resp. an der 1. Divisioun, den direkten Opstig ze feieren. D’selwecht och eis 6. Seniorequipe, déi och nächst Joer eng Divisioun méi héisch spillen wäerten.

Bei den Dammen konnten mer och ganz gutt ofschneiden, daat souwuel an der Coupe de Luxembourg, wou eis Equipe an der Halleffinal stoung, mee och am Championnat konnt eis Dammenequipe eng gutt 3. Platz erreechen.

Bei eisen Jugendequippen konnten mer den Championstitel bei den Cadeten feieren an beim Kids-Cup koum eis Equipe och op eng gutt 2. Platz.

Réckbléckend muss een also soen dass mer eng vun den erfollegräichsten Saisonen iwwerhaapt haten mat dem Coupe Gewenn an der 2. Platz am Seniorchampionnat. Dozou bäigedroen huet och virun allem een Spiller, eis Nummer 1 den Tomas Koldas.

Leider wäert den Tomas eis no deser Saison verloossen, him hunn sech aaner Opportunitéiten gebueden an dowéinst wäert hien nächst Saison net méi um Holleschbierg spillen.

Mir soen dem Tomas VILLMOOLS MERCI fir alles wat hien fir eis geleescht huet. Hien war en immens feinen, zouverlässegen an motivéierten Matspiller an Member an eisem Veräin.

Doropshin wäerten mer eng nei Nummer 1 fir eis Equipe bäikréien. Mir wäerten iech an den nächsten Deeg eis nei Nummer 1 virstellen an presentéieren.

Zum Schluss wellen mer nach all eisen Memberen, Frenn an Benevollen VILLMOOLS MERCI soen fir all Hand wou se mat ugepaakt hunn, sierf et bei den Championnatsmatcher, bei den Tournoien, eisen Veranstaltungen oder bei all aner Geleeenheet, duerfir en GROUSSEN MERCI! Och en groussen Merci un all eis Sponsoren an un d’Gemeng Hesper fir all hier Ennerstetzung!

Mir hoffen jiddereen huet eng flott Summerpaus an dass mer iech fir dei nei Saison an eiser neier Hal um Holleschbierg erem gesinn.

VILLMOOLS MERCI

Den Comité