Réceptioun Gemeng Hesper

Foto vun Claude Sibenaler



25 April 2023

Gëschter Owend gouf eis éischt Equipe an eng Rei Memberen aus dem Comité op der Gemeng zu Hesper vum Buergermeeschter an 2 Schäffen empfaangen. Dëst fir op den Championstitel an der Coupe de Luxembourg unzestoussen. Eis Jongen sinn frou dass hier Leeschtung geéiert ginn ass an dat motivéiert si vir och am Championnat nach emol alles ze gin an fir den Titel ze kämpfen. 
 
Mir soen Villmools Merci fir d'Invitatioun an hoffen dass mir an Zukunft nach eng ganz Rei un exceptionellen Resultater kennen erbréngen.