Traureg Nouvelle


20 November 2022

Gëschter krute mer déi traureg Noriicht, datt den AHMED Raad fir ëmmer vun eis gaangen ass.
Am Alter vun 61 Joer huet säin Häerz net méi matgemaach.

De Raad ass zu Bagdad op d’Welt komm an huet a sengem Liewen schwéier Zäiten am Krich matgemaach. Hien ass virun dem Krich geflücht an op Lëtzebuerg komm. Iwwert e Kontakt mat enger Léierin, déi Coursen am Foyer ginn huet ass de Raad enges Daags an eise Veräin trainéiere komm. De Raad an den Dëschtennis Houwald war eng Begéinung, déi direkt gepasst huet. Den 11/7/2017 huet hien eng Lizenz beim DTH geholl an war als Spiller an Trainer eng grouss Hëllef am Veräin. Zu all Dageszäit konnt een hien a seng Kollegen beim Training an der Hal begéinen.

Mir wäerten de Raad net vergiessen, e Mann, deen ëmmer gutt gelaunt war an iwwerall eng Hand mat ugepaakt huet wou hie gesinn huet datt hie kéint hëllefen. D’Kanner an déi Jugendlech wäerten hien als en Trainer mat Engagement an engem groussen Häerz an Erënnerung behalen.

Raad du hannerléiss e grousst Lach an eisem Veräin a vill Kolleeginnen a Kolleegen, déi net verstinn, dass du schonn hues misse goen.

De Mëtten um Match erënneren mir mat enger Gedenkminutt an de Raad. 

Soubal mir méi wëssen, soen mir iech och Bescheed wéini an wou d'Begriefnis statt fënnt.



Hier, nous avons appris la triste nouvelle du décès d'AHMED Raad. A l'âge de 61 ans, son coeur a lâché. 

Raad est né à Bagdad et a vécu des moments très durs pendant la guerre.  Il est arrivé au Luxembourg en tant que réfugié. A travers le contact avec une institutrice, Raad est venu s'entraîner au club une première fois. Il a reçu sa licence de joueur le 11 juillet 2017 et était depuis 5 ans une grande aide en tant que joueur et entraîneur. 


Nous allons garder le souvenir d'un homme joyeux et serviable, toujours prêt à donner un coup de main en cas de besoin. Nos jeunes joueurs vont se souvenir d'un entraîneur engagé avec un grand coeur. 

Raad, tu laisses un grand vide dans notre club avec des amis et collègues qui n'arrivent pas à comprendre que tu as dû nous quitter si tôt. 


Avant le match de cet après-midi, nous allons respecter une minute de silence en hommage à Raad. 

Nous allons vous informer de la date et du lieu de l'enterrement dès que nous aurons plus d'informations. 


Rest in Peace dear Friend