Résume Jugend Landesmeeschterschaften
16th June 2025
DT Houwald
De ganze Weekend stoungen d’national Landesmeeschterschaften vun der Jugend um Programm – a vill vun eise jonke Spiller waren mat vollem Asaz dobäi! Mir felicitéieren hinnen alleguer fir hir super Leeschtungen a encouragéieren si weiderhin esou motivéiert ze trainéieren.
Besonnesch erausstéche kann de Vasco Reisen, deen direkt 2 Titelen op den Houwald bruecht huet:
- Champion am Double Mixtes bei de Cadets zesumme mam Capucine Magnien (DT Diddeleng)
- Champion am Double Garçons bei de Juniore zesumme mam Max Theisen (DT Lëntgen)
Am Eenzel bei de Cadets Jongen ass de Vasco op déi staark 2. Plaz hannert eisem zukünftege Spiller Aaron Sahr komm.
D'Emily Zhou huet bei de Benjamin Filles am Eenzel eng fantastesch 3. Plaz erreecht!
Och am Double war hatt erfollegräich:
- Am Double Mixtes zesumme mam Louis Salvadori koum hatt op déi 3. Plaz.
- Am Double Filles mam Lis Breyer (DT Wëntger) huet hatt erëm eng 3. Plaz gemaach.
Am Double Garçons bei de Préminimes hu sech de Louis Salvadori an de Pumo Sun och staark geschloen an eng 3. Plaz realiséiert.
Bravo un all eis jonk Talenter! 👏
Fotograféiert vum Emile Mentz
