ASSEMBLÉE GÉNÉRALE 2025
25th June 2025
DT Houwald
Den leschten Samsten haaten mir um Holleschbierg eis AG oofgehaal, dest Joer hun mir daat kombineiert mat eiser Klubmeeschterschaft firun der AG an engem Barbecue.
Op der AG hun mir eisen laangjähregen Spiller an Trainer Xu Wang verabschied deen also ab nächster Saison net mei bei eis am Verain aktiv waert sin.
Dann huet den Frank Schreiber, eisen langjähregen Präsident, sain Amt als Präsident neier geluecht an Lorella Mezzapesa gouf als nei Präsidentin vum DT Houwald gewielt. Den Frank waert dem Verain awer am Comité an och als Spiller erhaalen bleiwen.
Och hei nach eng Keier en decken MERCI un den Frank fir all sain Engagement fir den Verain. Dem Lorella wenschen mir nemmen daat Allerbescht fir seng nei Erausfuerderung.
Dann gouf och nach eis eischt Dammen an Haerenequip firgestallt. Bei den Dammen waert eis Equip sech net änneren, bei den Hären awer sin mer frou dass den Aaron Sahr an den Leo Vekic eis eischt Equip verstärken wärten. Och den Marc Dielissen waert naechst Saison erem fir eis eischt Equip spillen.
Fotograféiert vum Claude Sibenaler
